lb | fr | pt | en |
D’Sondesmass um 4. Faaschtesonndeg gouf vu Clierf iwwerdroen
Den 10. Mäerz gouf d’Houmass vu Clierf iwwerdroen. D’Chorale Sainte-Cécile Clierf huet ënnert der Direktioun vum Erik Schmidt gesong, begleet op der Uergel vum Anne Weis. D’Mass gouf um 9 Auer als Tëleesmass live op apartTV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11.00 Auer op RTL ZWEE widderholl.
Suivéiert d’Mass e Sonndeg HEI am Live-Stream an duerno de Replay
D’Chorale Sainte-Cécile Clervaux
De Clierfer Gesangveräin ass am Joer 1898 als Männerchouer gegrënnt ginn. Haut huet de Kierchechouer 36 aktiv Memberen, 18 Dammen an 18 Hären. D’Chorale steet ënnert der musikalescher Leedung vum Erik Schmidt an d‘Anne Weis-De Jongh ass d’Organistin.
Mir sangen d’Mass um Sonndeg an op de kierchleche Feierdeeg, bei Begriefnisser an fir Hochzäiten. All 2 Joeren steet bei eis e Chrëschtconcert op Stiefesdag um Programm. D’ lescht Joer hu mir eisen 125. Geburtsdag gefeiert. Mir prouwen ëmmer donneschdes a bei eis ass jidderee wëllkomm fir matzesangen.
De musikalesche Programm vun der Mass
Uergel: Entrée | Gospel Fanfare | Noel Rwasthorne |
---|---|---|
Agangslidd | Sur les routes de l’alliance | C. Bernard / M. Quaring |
Kyrie | Messe de la divine Miséricorde | L.-E. de Labarte |
Tëschegesank | Ich bin der gute Hirt | Raimund Kreidi |
Credo | gëtt gebiet | |
Gowelidd | Gib mir die richtigen Worte | M. Siebald / K. Heizmann |
Sanctus | Messe de la divine Miséricorde | L.-E. de Labarte |
Vater unser | Eise Papp am Himmel | L. Krein |
Agnus Dei | Messe de la divine Miséricorde | L.-E. de Labarte |
Kommiounslidd | Danke für das Brot | J. Demandt / S. Fietz |
Schlusslidd | Segen will uns tragen | L. Maierhofer |
Uergel: Sortie | Unbreakable | Dietrich Wierczeyko |