| lb | fr | pt | en |
Sonndesmass
18. Januar 2024
D’Sondesmass um 3. Sonndeg am Joreskrees gouf vu Réimech iwwerdroen
Den 21. Januar gouf d’Houmass vu Réimech iwwerdroen. D’Chorale Sainte-Cécile vu Réimech huet mam Dirigent Roby Pauly gesong, begleet op der Uergel vum Patrick Wilwert. D’Mass gouf um 9 Auer als Tëleesmass live op apart TV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11.00 Auer op RTL ZWEE widderholl.
Suivéiert d’Mass e Sonndeg HEI am Live-Stream an duerno de Replay
D’Chorale Sainte-Cécile vu Réimech
D’Chorale Sainte-Cécile vu Réimech gouf am Joer 1848 gegrënnt. Si sangen all Sonndeg an all Feierdag d’Houmass, donieft Hochzäits- a Begriefnesmassen. Si prouwen donneschdes owes an der Kiirch, a si giffen sech iwwert all neie Member freeën, fir datt si och am nächste Joer d’Masse feierlech gestalte kënnen.
De musikalesche Programm vun der Mass
| Uergel: Entrée | Vom Himmel hoch da komm ich her BWV 606 | Johann Sebastian Bach |
|---|---|---|
| Agangslidd | Laudate Dominum | Christopher Tambling |
| Kyrie | Missa brevis in D | Robert Jones |
| Gloria | Missa brevis in D | Robert Jones |
| Tëschegesank | Herr, führe mich | Max Reger |
| Alleluia | Alléluia malgache | Luc Guilloré |
| Credo | gëtt gebiet | |
| Gowelidd | O Dieu reçois | Jean Bonfils |
| Sanctus | Missa brevis in D | Robert Jones |
| Anamnes | Venu en notre chair | Odette Vercruysse |
| Vater unser | gëtt gebiet | |
| Agnus Dei | Missa brevis in D | Robert Jones |
| Kommiounslidd | Panis angelicus | Louis Lambillotte |
| Schlusslidd | Die Gott lieben | Strauch/Schultz |
| Uergel: Sortie | Praeludium in C BuxWV 138 | Dietrich Buxtehude |
Kuckt och . Voir aussi
Info
An dëser Rubrik . Dans cette rubrique



YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr