lb | fr | pt | en |
D’Mass vum 3. Juli gouf vun der Foire Agricole zu Ettelbréck iwwerdroen
D’Sonndesmass um 14. Sonndeg am Joreskrees gouf vun der Foire Agricole zu Ettelbréck iwwerdroen. D’Chéier aus der Gemeng Colmer-Bierg hunn d’Mass gesongen. Dirigent war de Ronny Mergen, Pianist de Charel Breisch.
Suivéiert d’Mass e Sonndeg HEI am Live-Stream an duerno de Replay
Den Ensemble vocal "d’Feierowendsänger" Colmer-Bierg an d’Chorale Ste Cécile Colmer-Bierg
Foto: Michel Logelin
D’Chéier aus der Gemeng Colmer-Bierg, den Ensemble vocal "d’Feierowendsänger" an d’Chorale Ste Cécile gestalten d’Tëleesmass op der Foire Agricole zu Ettelbréck.
Den Ensemble vocal "d’Feierowendsänger", gegrënnt am Joer 2013, ass een dräistëmmegen Dammechouer mat haaptsächlech weltlechem, awer och kierchlechem Repertoire. Mir setzen op zäitgeméiss Arrangementer an ee breet gefächerte Repertoire. De Spaass um Zesumme-Sangen ass eis wichteg, genee ewéi eng gutt Ambiance. Mir prouwen zweemol de Mount, méindes um 19.30 Auer. D’Direktioun läit an den Hänn vum Ronny Mergen.
D’Chorale Ste Cécile séngt d’Sonndesmassen an ass bei alle wichtege Feierlechkeeten an der Par an an der Gemeng engagéiert. D’Prouwe si mëttwochs um 19.30 Auert ënnert der Leedung vum Henri Bissen.
Béid Chéier sange regelméisseg bei offizielle Geleeënheete wéi dem Te Deum zesummen. Nei Membere si jidderzäit häerzlech wëllkomm.
De musikalische Programm vun der Mass
Entrée | Improvisation sur "Oh Happy Day" | Charel Breisch |
---|---|---|
Agangslidd | Oh Happy Day | Spiritual / W. Schleenbecker |
Kyrie | Toi qui es venu pour nous sauver de la Messe "En famille, en église" | J. Akepsimas |
Gloria | Gloire à Dieu de la Messe "En famille, en église" | J. Akepsimas |
Alleluja | Hallelujah | L. Cohen / R. Emerson |
Credo | gebiet | |
Offertoire | Come, Thou Fount of Every Blessing | R. Robinson / J.Wyeth |
Sanctus | Sanctus (Kanon) | J. Berthier |
Agnus Dei | Dona nobis pacem (Kanon) | J. Berthier |
Kommioun | Von guten Mächten wunderbar geborgen | D. Bonhoeffer / S. Fietz / K. Heizmann |
Schlusslidd | Pacem Blessing based on "Air on the G String" | N. Hein / N. Entringer |
Sortie | Scherzetto | A. Ferté |