lb | fr | pt | en |
D’Mass um leschte Sonndeg am Joreskrees gouf vu Bartreng iwwerdroen
Den 20. November gouf d’Sonndesmass vu Bartreng iwwerdroen. Et huet d’Chorale Sainte-Cécile Barteng gesong, Dirigentin war d’Oksana Schroeter, Organist de Marc Loewen. Op der Flütt huet d’Laurie Krier gespillt. D’Mass gouf um 9 Auer als Tëleesmass live op .dok TV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11.00 Auer op RTL ZWEE widderholl.
Suivéiert d’Mass e Sonndeg HEI am Live-Stream an duerno de Replay
D’Chorale Ste Cécile Bartreng
De Bartrenger Cäcilienveräin ass am Joer 1903 als Männerchouer gegrënnt ginn; zanter 1965 si mir ee gemëschte Chouer. Mir zielen haut 23 aktiv Sängerinnen an Sänger aus 8 verschiddenen Nationalitéiten.
D’Léedung vum Chouer läit zanter Januar 2010 an den Hänn vun der Madame Oksana Schroeter.
Eis Chorale séngt d’Samschdesowesmass an d’Sonndesmass op engem Weekend am Mount an op deenen Haaptfestdeeg am Joer.
Mir freeën eis ganz besonnesch fir d’Tëleesmass op Cäciliendag mat alle Sänger a Musikanten aus dem ganzen Land zesumme kënnen ze feieren.
Nei Sänger(innen) sinn an eiser Chorale ëmmer häerzlech wëllkomm .
Informatiounen an Kontakt op: http://chorale-bertrange-lu.e-monsite.com/
De musikalische Programm vun der Mass
Entrée | Suite du Premier Ton, Plein Jeu | Jehan Adam Guilain |
---|---|---|
Agangslidd | O Christ Roi de l‘univers | Jean-Marc Morin |
Kyrie | Missa a tre | Johann Wenzel Kalliwoda |
Gloria | Missa a tre | Johann Wenzel Kalliwoda |
Alleluia | Alleluia | |
Gowelidd (Uergel) | Gammal fäbodpsalm fran dalarna | Oskar Lindberg |
Sanctus | Missa a tre | Johann Wenzel Kalliwoda |
Anamnes | Il est vivant | Noël Colombier |
Agnus Dei | Missa a tre | Johann Wenzel Kalliwoda |
Kommioun | À l’image de ton amour | Jean-Paul Lécot / Sebastien Temple |
Schlusslidd | Jubilate Deo | Jean-Paul Lécot |
Sortie | Les cloches de Hinckley | Louis Vierne |