lb fr pt en
Sonndesmass  
15. Dezember 2022

D’Mass um 4. Adventssonndeg gouf vu Reisduerf iwwerdroen

Den 18. Dezember, um 4. Advent, gouf d’Sonndesmass vu Reisduerf iwwerdroen. Et hunn d’Choralle Bettenduerf/Reisduerf gesong. Dirigent war de Fernand Scheller, Organistin d’Tamara Rosselet. D’Mass gouf um 9 Auer als Tëleesmass live op .dok TV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11.00 Auer op RTL ZWEE widderholl.

Suivéiert d’Mass e Sonndeg HEI am Live-Stream an duerno de Replay

D’Chorale Bettenduerf a Reisduerf

De Chouer vu Reisduerf, deen 1945 gegrënnt gouf an den Chouer vu Bettenduerf, deen 1899 gegrënnt gouf, sangen d’Radiosmass ënnert der Leedung vun hirem gemeinsamen Dirigent Fernand Scheller. Eis Organistin ass Tamara Rosselet.

Di zwee Chéier sangen säit dem Joer 2000 zesummen. Mir zielen 18 Memberen an prouwen all Densden.
Mir sangen kierchlech an weltlech Lidder zu ville Geleeënheeten.
All neie Member ass häerzlech wëllkomm!

De musikalesche Programm vun der Mass

Entrée Praeludium in BWV 543 Johann Sebastian Bach
Agangslidd Advent ist ein Leuchten Lorenz Maierhofer
Kyrie Messe Solennelle Fernand Jung
Zwëschegesang Hebt euch ihr Tore unser König kommt Mag. 119.1
Alleluia Alleluis (Kanon) Fernand Scheller
Gowelidd Brot und Wein Klaus Heizmann
Sanctus Messe Solennelle Fernand Jung
Anamnes Messe Solennelle Fernand Jung
Agnus Dei Messe Solennelle Fernand Jung
Kommioun La Sainte Communion Jean–Paul Lécot
Schlusslidd Friedensglocken, Weihnachtszeit Robert Pappert
Sortie Capriccio sopra la bassa fiamenge Girolamo Frescobaldi

Ënnerstëtzt d’Iwwerdroung vun der Tëleesmass mat Ärem Don

 
Ausféierungs-Fehler squelettes/inc-basdepage.html