lb fr pt en
Sonndesmass  
15. September 2022

D’Mass um 25. Sonndeg am Joreskrees gouf vun Habscht iwwerdroen

Den 18. September gëtt d’Sonndesmass vun Habscht iwwerdroen. D’chrëschtlech Gemeinschaft vun Habscht séngt d’Mass, Organist a Virsänger ass den Abbé Joël Santer, Kantor ass den Änder Wio. D’Mass gëtt um 9 Auer als Tëleesmass live op .dok TV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11.00 Auer op RTL ZWEE widderholl.

Suivéiert d’Mass e Sonndeg HEI am Live-Stream an duerno de Replay

D’Mass zu Habscht

Am Ufanksvers vun dësem Sonndeg biede mer: „Das Heil des Volkes bin ich – so spricht der Herr. Ich will ihr Herr sein für alle Zeit.“ Wou siche mir eist Heel oder wou hu mir et an der vergaangener Woch gesicht? An der Liesung vum Apostel Paulus fuerdert hien den Timotheus an och eis op ze bieden, am Numm vun de Mënsche Gott Merci ze soen an hien och ëm sou villes ze froen. Gott wëllt, dass et eis gutt geet. Duerfir wëlle mer zesummen dës Sonndesmass feieren an ee fir deen anere bieden.

De musikalische Programm vun der Mass

Entrée Improvisatioun iwwer d’Agangslidd
Agangslidd Si le père vous appelle LD 107
Kyrie Jésus, berger de toute humanité LD 132
Gloria Au plus haut du ciel LD 142
Alleluja Alléluia LD 192
Credo gëtt gebiet
Offertoire Les mains ouvertes LD 228
Sanctus Saint est le Seigneur LD 255
Agnus Dei Agneau de Dieu LD 279
Kommioun Uergelimprovisatioun
Schlusslidd Wunderschön prächtige ale Magn. 693
Sortie Präludium Justin Heinrich Knecht

Ënnerstëtzt d’Iwwerdroung vun der Tëleesmass mat Ärem Don

 
Ausféierungs-Fehler squelettes/inc-basdepage.html