| lb | fr | pt | en |
D’Mass um 24. Sonndeg am Joreskrees gouf vu Stengefort iwwerdroen
De 17. September gouf d’Sonndesmass vu Stengefort iwwerdroen. D’Chorale Sainte-Cécile Stengefort-Hoen-Klengbetten an d’Alphornbläser hunn d’Mass musikalesch animéiert ënnert der Direktioun vum Josée-Anne Mangen an op der Uergel begleet vum David Del Nin. D’Mass gouf um 9 Auer als Tëleesmass live op .dok TV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11.00 Auer op RTL ZWEE widderholl.
Suivéiert d’Mass e Sonndeg HEI am Live-Stream an duerno de Replay
D’Mass zu Stengefort
Aus dem Intressi eraus emol op engem Alphorn ze blosen hunn e puer Bléiser 2011 d‘Äischdall Alphornbléiser gegrënnt. Mëttlerweil ass de Repertoire vu Melodien, déi just op Naturtéin baséieren, gewuess a bei all Geleeënheet sinn d’Musikanten do a suergen fir e passend musikalescht Encadrement.
Zesummen mat der Chorale Ste Cecile vun Stengefort-Hoen-Klengbetten verschéinere mir dësen Sonnden Tëleesmass zu där mir iech ganz häerzlech alueden.
De musikalische Programm vun der Mass
| Entrée (Uergel) | Prélude "Messe du VIII ton" | Gaspar Corrette (1703) |
|---|---|---|
| Agangslidd | Festlicher Einzug | Alex Wörner |
| Kyrie | Jésus, berger | Jacques Berthier |
| Gloria | Ehre, Ehre sei Gott | Franz Schubert |
| Tëschegesank | Beim Wegkreuz | H. J. Sommer |
| Alleluja | Alleluja! Christ! Alleluja | Léon Guillou |
| Credo | gëtt gebiet | |
| Offertoire | Lorenz Choral | Alex Wörner |
| Sanctus | Heilig, heilig | Franz Schubert |
| Anamnes | Andante religioso | Alex Wörner |
| Agnus Dei | Vienne la colombe | Jean-Claude Gianadda |
| Kommioun | Die Kirche am Berg | Walter Klaus |
| Schlusslidd | Dank | H. J. Sommer |
| Sortie | Grand jeu "Suite du premier ton" | Pierre Du Mage (1708) |



YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr