lb | fr | pt | en |
D’Mass um 23. Sonndeg am Joreskrees gouf vu Bettenduerf iwwerdroen
Den 10. September gouf d’Sonndesmass vu Bettenduerf iwwerdroen. D’Chorale Bettenduerf/Reisduerf huet d’Mass ënnert der Direktioun vum Fernand Scheller gesong, op der Uergel begleet vum Tamara Rosselet. D’Mass gouf um 9 Auer als Tëleesmass live op .dok TV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11.00 Auer op RTL ZWEE widderholl.
Suivéiert d’Mass e Sonndeg HEI am Live-Stream an duerno de Replay
D’Chorale Bettenduerf/Reisduerf
Et sinn zwou Choralen, déi dest Joer ënnert der Leedung vun hirem Dirigent Fernand Scheller d’Tëleesmass sangen.
Si ginn begleet vun der Organistin Tamara Rosselet. Di Bettenduerfer Chorale Sainte-Cécile gouf am Joer 1899 gegrënnt , an di Reisduerfer Chorale Sainte-Cécile gouf am Joer 1945 als Männerchouer gegrënnt an 1972 als gemëschte Chouer ëmgestallt.
Zënter dem Joer 1998 gëtt zesummen mat der Chorale vu Reisduerf geprouft.
Di bei Choralen zesummen zielen 18 aktiv Sängerinnen a Sänger.
De musikalische Programm vun der Mass
Entrée (Uergel) | Praeludium in A | J.S. Bach |
---|---|---|
Agangslidd | Freuet euch allezeit | K. Heizmann |
Kyrie | Messe Brève en si bémol | E. Bronner |
Gloria | Messe Brève en si bémol | E. Bronner |
Tëschegesank | Ps 94 | LD 188 |
Alleluja | Alleluja - Kanon | F. Scheller |
Credo | gëtt gebiet | |
Offertoire | Un Ami | D. Rimaud |
Sanctus | Messe Brève en si bémol | E. Bronner |
Agnus Dei | Messe Brève en si bémol | E. Bronner |
Kommioun | Vater ich möchte dir danken | T. Eger |
Schlusslidd | What a happy day | L. Maierhofer |
Sortie | Capriccio sopra la bassa fiamenge | G. Frescobaldi |