| lb | fr | pt | en |
D’Mass um 22. Sonndeg am Joreskrees gouf vu Kierchen iwwerdroen
D’Sonndesmass vum 28. August gouf um 9 Auer vu Kierchen iwwerdroen. D’Chorale Sainte-Cécile Bas- et Hautbellain huet ënnert der Leedung vum Edmond Kremer gesong, begleet op der Uergel vum Nathalie Lamberty-Brachtenbach.
De Gesank Kierchen-Beesslek gouf den 29. Juli 1945 gegrënnt. Bal 80 Joer méi spéit engagéiere sech aktuell 8 Sänger a Sängerinnen an der Chorale Sainte-Cécile. Geprouft gëtt reegelméisseg mëttwochs owes. De Gesank gëtt vum Nathalie Lamberty-Brachtenbach op der Uergel begleet an den Edmond Kremer ënnerstëtzt eis reegelméisseg als Dirigent. Nei Membere si jidderzäit häerzlech wëllkomm.
Suivéiert d’Mass e Sonndeg HEI am Live-Stream an duerno de Replay
De musikalische Programm vun der Mass
| Entrée | Grand Chœur on „Diadem“ | Pietro Cattaneo |
|---|---|---|
| Agangslidd | Quel bonheur de servir et d’aimer | Laurent Grzybowski |
| Kyrie | Messe en Sol | Elénore Mattern |
| Gloria | Gloire à Dieu dans le Ciel | |
| Zwëschegesank | Alléluia | |
| Credo | gëtt gebiet | |
| Offertoire | Verwandle die Gaben | M. Ehrhardt / R. Haas |
| Sanctus | Paroquia de Sao Pedro do Prior Velho | |
| Agnus Dei | Messe en Sol | Elénore Mattern |
| Kommioun | Le voici, le Don de Dieu | C. Bernard/M. Wackenheim |
| Schlusslidd | Frieden in der Welt | F. Bald/B. Stallmann |
| Sortie | Toccata | Gaston Béiler |
Gesank: Chorale Sainte-Cécile Bas- et Hautbellain
Dirigent: Edmond Kremer
Organistin: Nathalie Lamberty-Brachtenbach




YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr