lb fr pt en
Sonndesmass  
13. Juli 2023

D’Mass um 15. Sonndeg am Joreskrees gouf vu Biekerech iwwerdroen

De 16. Juli gouf d’Sonndesmass vu Biekerech iwwerdroen. Et huet d’Chorale Réunie Biekerech-Rippweiler-Schweecherdaul gesong, Dirigent war de Fernand Scheller, op der Uergel begleet huet d’Tamara Rosselet. D’Mass gouf um 9 Auer als Tëleesmass live op .dok TV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11.00 Auer op RTL ZWEE widderholl.

Suivéiert d’Mass e Sonndeg HEI am Live-Stream an duerno de Replay

D’Chorale Réunie Biekerech-Rippweiler-Schweecherdaul

D’Chorale Réunie Biekerech – Rippweiler – Schweecherdaul séngt d’Tëleesmass vum 16.07.2023 zu Biekerech ënnert der Direktioun vum Här Fernand Scheller. Organistin ass d’Madamm Tamara Rosselet. D’Chorale Réunie gouf schonn 2001 an d’Liewe geruff vum Albert Brauch, deen äis 2021 allze fréi verlooss huet.

De musikalesche Programm vun der Mass

Uergel: Entrée Concerto en ré BWV 596 Johann Sebastian Bach
Agangslidd Morning has broken Lorenz Maierhofer
Kyrie Messe Solennelle Fernand Jung Fernand Jung
Gloria Sur la terre et dans les cieux Jo Akepsimas
Alleluja Alleluja, ton appel Jo Akepsimas
Credo gëtt gebiet
Gowelidd Brot und Wein Klaus Heizmann
Sanctus Messe Solennelle Fernand Jung Fernand Jung
Anamnes Messe Solennelle Fernand Jung Fernand Jung
Agnus Dei Messe Solennelle Fernand Jung Fernand Jung
Kommiounslidd Mach mich würdig Lorenz Maierhofer
Schlusslidd Ein Haus voll Glorie schauet Joseph Mohr
Uergel: Sortie Leschte Satz vum Concerto en ré BWV 596 Johann Sebastian Bach

Ënnerstëtzt d’Iwwerdroung vun der Tëleesmass mat Ärem Don

 
Ausféierungs-Fehler squelettes/inc-basdepage.html