lb fr pt en
Sonndesmass  
6. Juli 2023

D’Mass um 14. Sonndeg am Joreskrees gouf aus dem Klouschter vu Peppeng iwwerdroen

Den 9. Juli gouf d’Sonndesmass aus dem Klouschter vu Peppeng iwwerdroen. Et huet d’Chorale Sainte-Cécile Réiser-Krautem gesong, Dirigentin war d’Marguerite Thomé-Schmit, op der Uergel begleet vum Romain Ludwig. D’Mass gouf um 9 Auer als Tëleesmass live op .dok TV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11.00 Auer op RTL ZWEE widderholl.

Suivéiert d’Mass e Sonndeg HEI am Live-Stream an duerno de Replay

D’Chorale Ste-Cécile Réiser-Krautem

D’Chorale Ste-Cécile Réiser-Krautem ass 1902 als Männerchouer gegrënnt ginn. Am Joer 1969 ass doraus e gemëschte Chouer entstanen. D’Chorale ass bei alle kierchlechen a weltleche Manifestatiounen am Réiserbann derbäi. Aktuell sinn et 15 Dammen a 3 Hären, déi ënnert der Leedung vun der Dirigentin, der Mme Marguerite Thomé-Schmit, feierlech Massen a weltlech Concerten net nëmmen am Réiserbann, mee uechter d’ganzt Land sangen. Eis Prouwe sinn all Dënschdeg vun 19.30 Auer un am Sall vun der Réiserbänner Harmonie. Jiddereen, dee Freed um Sangen huet, ass bei eis häerzlech wëllkomm a mir wiere frou, wann nei Memberen géife bei eis kommen.

De musikalesche Programm vun der Mass

Uergel: Entrée Introduktioun iwwert d’Agangslidd
Agangslidd Adoramus Te Andy Beck
Kyrie Kyrie John Leavitt
Gloria aus der Paukenmesse Franz Joseph Haydn, arr. Russel Robinson
Alleluja Lobe den Herren T. M.
Credo gëtt gebiet
Gowelidd Bleibe bei uns, Amen Anna Marita Engel / Norbert Feipel
Sanctus Sanctus Audrey Snyder
Anamnes Wir preisen deinen Tod LD 267
Agnus Dei Agnus Dei Sonja Poorman
Kommiounslidd Jubilate Deo John Page
Schlusslidd Siyahamba arr. Wilfried Fischer
Uergel: Sortie Fuga BuxWV174 Dietrich Buxtehude

Ënnerstëtzt d’Iwwerdroung vun der Tëleesmass mat Ärem Don

 
Ausféierungs-Fehler squelettes/inc-basdepage.html