lb | fr | pt | en |
D’Mass gouf op Härläichendag vu Schieren iwwerdroen
Replay op cathol.lu
D’Sonndesmass de 6. Juni gouf aus der Kierch vu Schieren iwwerdroen. D’Mass gëtt als Tëleesmass live op .dok TV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11 Auer op RTL ZWEE widderholl. D’Chorale Caecilia Schieren séngt mam Dirigent Jean Gehlen a gëtt begleet vum Organist Marc Gars
D’Chorale Caecilia vu Schieren
D‘Chorale Caecilia Schieren ass 1933 als Männerchouer gegrënnt ginn an ass zënter 1971 e gemëschte Chouer. Ënnert der Leedung vum Här Jean Gehlen gestallte mir d’Sonndesmassen an aner kierchlech Feieren.
Leider fält eise weltleche Concert och nees dëst Joer wéinst der Pandemie an d‘Waasser. D‘Tëleesmass sange mir op Härläichendag wéinst Covid 19, esou wéi dëst Joer och eis Oktavmass, mat enger reduzéierter Formatioun.
Mir wären awer frou fir nei Sängerinnen a Sänger an eisem Veräin ze begréissen. Eis Prouwen sinn Donneschdes Owends um 19h00.
Suivéiert d’Mass e Sonndeg HEI am Live-Stream an duerno de Replay
De musikalische Programm vun der Mass
Entrée / Uergel | Grand lein jeu du 1er ton | Jacques Bovin |
---|---|---|
Agangslidd | Peuple de baptisés | LD 108 |
Kyrie | Missa Quinta Op 100 | Franz Arnsfelser |
Gloria | Gloria Canon | LD 145 |
Alleluia | Alleluia, Salut, puissance | Charles Eric Hauguel |
Credo | gëtt gebiet | |
Gowelidd | Ave Maria | A. Müller |
Sanctus | Saint est le Seigneur | LD 255 |
Agnus Dei | Missa Quinta Op 100 | Franz Arnsfelser |
Kommioun | O Salutaris hostia | LD 490 |
Schlusslidd | Grosser Gott | LD 136 |
Sortie | Toccata in Seven | John Rutter |
Et séngt d’Chorale Caecilia Schieren
Dirigent: Jean Gehlen
Uergel: Marc Garson