lb fr pt en de
Beruffungen . Vocations  
14. Juni 2017

"Hei sinn ech…"

Kuerz Virstellung vun de Weiekandidate Jacques Bruns an Tristan Häcker

„Hei sinn ech…“

Mäin Numm ass Jacques Bruns. Ech hunn 28 Joer a komme vu Sandweiler. Scho während menger Zäit am Stader Jongelycée huet sech mir ëmmer erëm d’Fro gestallt, wat ech spéiderhin am Liewe maache wëll. Och vu bausse si Leit u mech erugetrueden an hunn di Fro gestallt. Enges Daags war di Fro dunn och emol e bëssi méi ausformuléiert: „Jacques, Priister ginn: mengs du, dat wier eppes fir dech?“ Am éischte Moment war ech erstaunt. Ouni, dass ech virdru mat engem aneren doriwwer geschwat hat, oder Undeitungen an déi Richtung gemaach hat, huet een aneren di Fro kannt, déi mech scho länger Zäit net méi lass gelooss huet.

Priister ginn… Ass dat eppes fir mech? Laang hunn ech mat deeër Fro gerongen, se verdrängt an ignoréiert. An awer ass se ëmmer erëm komm.

„Hei sinn ech!“ Dat sinn d’Wierder, déi de jonke Samuel gesot huet, wéi Gott hie geruff huet. „Hei sinn ech!“ Dës Wierder hunn ech och dem Präses vum Seminaire gesot an hu gehofft, net ausgelaacht a fortgeschéckt ze ginn. Ech sinn am Seminaire ugeholl ginn, hunn en éischt Joer um Weimeschhaff am Propädeutikum verbruecht a sinn dunn fir d’Studium op Tréier an op Dublin geschéckt ginn. Mëttlerweil sinn ech an der Par Äischdall-Helpert Saint-Willibrord am Stage a probéieren d’Theorie an d’Praxis ëmzesetzen.

„Hei sinn ech!“ Mat dëse Wierder trieden ech bei der Diakonewei virun den Här Äerzbëschof. En Diakon ass kee Protagonist. Hien ass en treien Dénger, dee wéi de Samuel Gott äntwere wëllt „Schwätz, Här, däi Kniecht lauschtert“.

Mein Name ist Tristan Häcker. Ich bin am 15. November 1991 geboren und stamme aus dem saarländischen Dorf Überherrn, das zwischen Saarlouis und der französischen Grenze liegt. Bereits direkt nach der Erstkommunion Messdiener, später auch Lektor, Mitglied im Pfarrgemeinderat und vielem mehr, wuchs schon während meiner Schulzeit ein großes Interesse und Hingezogen-sein zur Begegnung mit Christus in Gebet und Liturgie heran. So bin ich nach meinem Abitur 2010 ins Priesterseminar eingetreten und habe mein Propädeutikum (Vorbereitungsjahr) 2010-2011 am Priesterseminar Collegium Borromæum in Freiburg im Breisgau absolviert, bevor ich von 2011 bis 2016 Theologie und Philosophie in Trier und Regensburg studierte. Seit September 2016 wirke ich im Rahmen des Pastoralkurses im Pfarrverband bzw. der jetzigen neuen Pfarrei St. Franziskus in Mersch mit, wo ich auch nach der Weihe weiterhin meinen Dienst versehen werde.

Die Diakonenweihe ist für mich der Moment des konkreten In-Dienst-nehmen-lassens, konkret durch unseren Bischof stellvertretend für die ganze Kirche. Dieser Dienst ist zum Einen ein spiritueller, wird man doch mit der Weihe auch offiziell „Geistlicher“. Ein Mann des Gebetes zu werden ist Dienst, bleibt aber immer auch vor allem Auftrag und Herausforderung. Zum Anderen sind es ganz praktische Dimensionen wie der Auftrag, das Evangelium zu verkünden, zu predigen, Kranken und Alten die Kommunion zu reichen – die menschlichen Dimensionen dieses Auftrags, die konkrete Seite der Nachfolge Christi, der ebenfalls immer eine große Herausforderung bleibt. Im Zugehen auf dieses Dienstamt bitte ich Sie um Ihr begleitendes und bestärkendes Gebet, damit ich diesen Dienst bestmöglich und zum Segen für unsere Kirche ausüben kann.

 
Fehler beim Ausführen squelettes/inc-basdepage.html