lb fr pt en
Publikatiounen . Publications  
23. März 2018

Oremus – Grondgebieder an 10 Sproochen

Bestellt d’Heftchen am prakteschen A6-Format oder luet Iech et hei gratis erof

De Service Communication et Presse huet elo am Mäerz e Reprint vum klengen Heftchen “Oremus” mat dëse Grondgebieder “Pater noster”, “Ave Maria”, “Credo” a “Gloria Patri” an 10 Sproochen (Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch, Englesch, Italienesch, Spuenesch, Portugisesch, Hollännesch, Polnesch, Latäin) gemaach.

Wann Dir fir Är Por, Congrégatioun, Mouvement oder Associatioun Exemplairë vun deem 24-säitegen Heftchen am prakteschen A6-Format braucht, da mellt Iech bei äis: Tel. 44743-401. De Präis pro Heftchen: 2 Euro (plus Porto / bei gréissere Quanitéiten kënnt Dir se och gäre laanscht siche kommen).

Hei d’Dokument och als PDF als gratis Download.

Oremus (pdf)
 
YouTube YouTube
SoundCloud SoundCloud
Twitter Twitter
Instagram Instagram
Facebook Facebook
Flickr Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu