lb fr pt en
Bëschofswei . Ordination épiscopale  
24. Juli 2019

De Poopst Franziskus huet de Chanoine Leo Wagener zum Weibëschof an der Äerzdiözes Lëtzebuerg ernannt

Message vum Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich

Et ass mir eng grouss Freed Iech matzedeelen, datt de Poopst Franziskus haut den Här Chanoine Leo Wagener zum Weibëschof an der Äerzdiözes Lëtzebuerg ernannt huet.

Ech hat e Weibëschof ugefrot, well ech wéinst internationalen Engagementer vill muss am Ausland sinn an duerfir hei zu Lëtzebuerg eng Hëllef brauch.

Ech soen dem Poopst Franziskus Merci fir dës Ernennung a gratuléieren dem Leo Wagener vu ganzem Häerzen. Loosse mir hien am Gebiet begleeden.

En Dënschdeg, den 30. Juli 2019, um 11 Auer ass e Point-Presse am Bëschofshaus.

Lëtzebuerg a Lourdes, de 24. Juli 2019, 12.00 Auer.

+ Jean-Claude Hollerich
Äerzbeschof vu Lëtzebuerg


De Point-Presse en nächsten Dënschdeg gëtt am LIVE-STREAM hei op cathol.lu iwwerdroen.


 
YouTube YouTube
SoundCloud SoundCloud
Twitter Twitter
Instagram Instagram
Facebook Facebook
Flickr Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu